D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Activités de Jour (SAJ) zu Mondorf , een Aide-soignant (w/m/x) - fir een CDI vun 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
$ads={1}
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.Responsabilitéiten Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
Obligatoresch Ufuerderungen D’Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom/Certificat (Aide-soignant, Auxiliaire de vie, Erzéier oder Aide-Éducateur) sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung